top of page
Rechercher
  • Photo du rédacteurDavid Mertens

Zur Problematik vun der Migratioun

Dernière mise à jour : 19 août 2019


Am Kader vun den rezenten Diskussioune ronderëm dem UN Migratiounspakt, ass et opportun sech méi genee mat dem Thema Migratioun ze beschäftegen.


Zualleréischt, muss een sech bewosst si vu wat ee schwätz wann et ëm Migratioun geet. Et schwätz ee sécherlech net géint jeeglech Migratioun per se. Et gëtt eng gewollt an nëtzlech Immigratioun wann se sech op konkret Besoinë vun enger Aufnahmegesellschaft bezitt. Hei am Land sinn déi verschidden Immigratiounswelle vun Italiener déi an de Minne respektiv Industrie gebraucht gi sinn, bis zu de Portugise fir de Secteur vum Bâtiment z.B. bescht Beispiller.


Hautzedaags allerdéngs, ass d'Migratioun an Europa kee kontrolléierten also gewollte Phenomen méi. Et handelt sech majoritär um Leit déi ekonomesch Migrante sinn, déi net explicitement geruff gi sinn an déi sech also illegal um Kontinent befannen a kaum Chancen op Regulariséierung hunn. Dës Persoune ginn awer de facto gedult an dat ganzt gëtt mat enger humanistescher Rhetorik maskéiert. Um Niveau vun der Politik a grad um progressistesche Bord gëtt dëst da gären an abstrakt als "eis Wäerter" verkaaft.


Als Politiker sollt een sech awer ëmmer bewosst bleiwe wat den Denker Carl Gustav Jung ënnert "Moral vs Verantwortungsethik" theoretiséiert huet. D'Progressiste schloen den einfache Wee an, andeem se eng moralesch Positioun anhuele à la "kein Mensch ist illegal", wat hinnen de vermeintleche moralesche Virdeel gëtt. Allerdéngs vergiessen se, datt se domadder d'Ursaache vun de Migratiounen net bekämpfen an datt an den Ursprongslänner vill méi Mënsche weider schlecht dru sinn[1].


Als Persoun mat enger Verantwortungsethik mengen ech datt een op alle Fäll d'Fluchtursaache mat Entwécklungshëllef an bilateral Kooperatiounsverträg souwuel mat Hierkonfts ewéi Transitlänner bekämpfe sollt, mais datt een och d'illegal Migratioun mat der Verstäerkung vun den EU Baussegrenze kontrolléiere muss, net nëmme wéinst dem Sécherheetsrisiko fir seng eege Bevëlkerung, mais einfach fir den etat de droit ze erhalen[2]. En troublante Phenomen ass nämlech datt d'illegal Migratioun gedult respektiv banaliséiert gëtt, grad vu Politiker, also vun deene Leit déi hannert d'Gesetzer misste stoen.


Effektiv ass d'Migratiounsthematik e rare Beräich wou d'Legislatur am Numm vu "héijere" Wäerter ignoréiert gëtt. Als Beispill kann een dem Angela Merkel seng 2015 Willkommenspolitik zitéieren. Ënnert Bäifall huet dës Decisioun den Dublin Ofkomme verletzt (dee Virgesäit eng Demande op Asyl am éischten EU Land ze maachen, ergo an deem Fall Griicheland), de Schengen Accord verletzt (deen d'EU Bannegrenzen ofschaaft fir Baussegrenzen ze schafen) an deem si quasi eng Invitatioun un Migrante gemaach huet d'Slowenesch an d'Ungaresch Grenzen ze violéieren, d'Genfer Flüchtlingskonventioun verletzt (den Droit d'Asyl ass en individuelle Recht wou jiddereen eenzel beweise muss datt e politesch verfollegt gëtt) an deem si all Syrer (an déi déi sech fälschlecherweis als Syrer ausginn hunn) kollektiv Asyl versprach huet etc[3].


Bléift nach ze bemierken datt eng Majoritéit vun Europäer géint déi momentan laxistesch an ideologiséiert Migratiounspolitik ass. Et ass inacceptabel datt d'legitim Bedenke vun der Bevëlkerung zur Migratioun duerch politesch korrekten Denken, entweder erof gespillt, ignoréiert oder ganz tabuiséiert ginn. Selbstverständlech kann een ëmmer eng politesch Positioun zur Migratiounsthematik vertriede sief se pro oder contra. Mais et ass an enger Demokratie net u politesch Aktivisten ze entscheeden iwwert wat een diskutéiere kann oder net. Compte tenu datt duerch d'Explosioun vun der Bevëlkerung an Afrika an dem Noen Osten d'Migratiounsstréim och an Zukunft kaum noloosse wäerten, mengen ech datt d'Parteie kloer Positioun zur Migratiounspolitik huele missten, fir datt d'Leit wëssen op wat se sech aloossen. Alles aneschtes wier en geféierlechen déni de démocratie.



[1] Migratioun un sech kann nimools Problemer an den Hierkonftslänner léisen.

https://www.youtube.com/watch?v=LPjzfGChGlE


[2] Net nëmmen Terroriste kommen iwwert Migratiounsstréim eran. Migrante selwer hunn leider net ëmmer déi bescht Intentioune wann se an Europa ukommen.

https://www.tichyseinblick.de/meinungen/ein-bisschen-klartext-viel-traurigkeit-und-angst/

https://www.achgut.com/artikel/fluechtlingshelfer_wollen_nicht_mehr_schweigen


[3] NB Krichsflüchtlingen hunn e Recht Schutz am nächste séchere Land unzefroen, mais kee Recht sech hir Asylland duerch d'ganz Welt auszesichen. Europa muss awer mMn d'Länner ewéi Libanon a Jordanien déi effektiv hir Verflichtungen no komm si finanziell a logistesch ënnerstëtzen.

41 vues0 commentaire
bottom of page