top of page
Rechercher
  • Photo du rédacteurDavid Mertens

Iwwert dem Spektrum politescher Iddien: plolitesch Ideologien an hir Avataren zu Lëtzebuerg


An dësem Artikel wëll ech déi verschidden ideologesch Stréimungen a Form vu Resumé erëm ginn. Ech ginn dobäi och d'Parteien un déi dës verschidden Ideologien als Wuerzelen hunn, och wann hir Unhänger sech dat net ëmmer bewosst sinn, geschweige datt d'Parteie selwer vun hirem ideologesche Kär och ewech drifte kënnen. Vu lénks no riets.


Progressistesche Bord


Kommunismus: Aus dem Sozialismus erausgewuesst an der zweeter Hallschent vum 19ten Jhr. Vum Karl Marx theoretiséiert a sengem Buch Das Kapital 1867. Influent säit der Russescher Revolutioun vun 1917. Marginaliséiert säit dem Enn vun der Soviet Union 1991. Doktrinn gesäit d'Ofschafung vum Privateigentum vir, dofir de Numm Kommunismus. Och nach Marxismus genannt. Representéiert am Land vun der KP.


Postmodernismus: Aus dem Kommunismus erausgewuesst an den 1950er. Theoretiséiert vu lénke Philosophen a Soziologen ewéi de Sartre oder den Foulcault. Influenz steigend säit Mai 68. Den Haaptcredo besteet am Glawen datt d'Mehrheitsgesellschafft strukturell net inclusiv vis-a-vis Minoritéite wier. Dofir am engleschen och als Idendity Left bekannt. Representéiert am Land traditionell vun Déi Lénk an Déi Gréng.


Sozialismus: Aus dem Liberalismus erausgewuesst wärend dem Opschwong vun der Industrieller Revolutioun ab 1820/1830. Theoretiséiert vu Denker aus England a Frankräich ewéi de Proudhon z.B. Säitdeem, e vun de wichtegste politesch Mouvementer bis zur Globaliséierung. Sozialismus besteet op eng vum Staat geleet Verdeelung vum Räichtum. Representéiert am Land duerch d'LSAP.


Liberalismus: An Oppositioun zum Ancien Régime entstanen am Laf vun der Opklärung am 18ten Jhr. Theoretiséiert duerch eng Plethora vu Philosophen aus England a Frankräich. Dominant säit der Amerikanescher Onofhängegkeet 1783 an der Franséischer Revolutioun 1789 bis circa 1900. De Liberalismus erkennt dem Individuum inalienabel Rechter un, onofhängeg vun der Gesellschaftsform. Representéiert am Land duerch d'DP.


Konservative Lager


Konservatismus: Existent säit deem et Politik gëtt. De Konservatismus ass keng politesch Philosophie mat engem kloer etabléierte Korpus. Afloss haten awer grouss Denker ewéi den Aristoteles, Saint Thomas d'Aquin oder den Edmund Burke z.B. Präsent als wichteg politesch Kraaft bis haut. De Konservatismus verdeedegt traditionell Wäerter déi duerch Raum a Zäit variéiere kënnen. Representéiert am Land duerch d'CSV.


Souveränismus: Aus divers konservativ Protestbeweegungen an den 1980er entstanen. Huet an den 90er an Oppositioun zur Globaliséierung an zur Verdéiwung vun der EU eng gewëssen ideologesch Konsistenz kritt. Dofir de Numm Souveränismus. Och nach Populismus genannt. Afloss steigend. Representéiert am Land vun der ADR



18 vues0 commentaire

Posts récents

Voir tout
bottom of page