top of page
ABOUT

Zur Kreatioun vun dësem Blog

Fir d'Gemengewalen 2017 hat ech eng Säit op Facebook obgemaach. Ech hunn awer gemierkt datt Facebook net de beschte Format ass wann ee méi aushuele wëll beim schreiwen vun Artikelen. Mëttlerweil liewen mir awer an enger komplizéierter Welt wou Kenntnisser an Eco Geschicht, Geopolitik, politesch Doktrinnen a souguer Theologie gebraucht ginn. Well ech vill liesen, a mir e puer Gedanken maachen, hunn ech et eng gutt Iddi fonnt meng Meenung hei ze deelen.

Bezüglech dem Contenu

Et geet mir haaptsächlech drëms iwwert gängeg Ideologien an d'Konsequenzen dovunner fir eis Gesellschaft ze informéieren. Den Inhalt wëllt sech pädagogesch. Analysen a Reviews vu Bicher.

Iwwert mech

Formatioun als Historiker. War Kandidat fir d'Gemengewalen an Member vun der Bautekommissioun zu Esch. Politesch aktiv bei der DP an neierdéngs bei der CSV. Ech consideréieren mech als ee liberal-konservativen. Ech sinn der Meenung datt ee systematesch soll mat jiddwerengem diskutéieren an esou objektiv ewéi méiglech sollt sinn, obwuel een natierlech selwer bis zu engem gewësse Grad, ëmmer  duerch seng eege Presuppositiounen beaflosst wäert ginn.

bottom of page