top of page
Rechercher
  • Photo du rédacteurDavid Mertens

Pauvre Europe: Zur Lag vun der Unioun


Well jo geschwënn Europawale sinn, ass et a gudde Moment fir eng Analyse ze maache vun de groussen Erausfuerderungen déi virun der Unioun stinn.


Dat éischt wat engem afält, ass den demokrateschen Defizit vun der Unioun. Datt d'Kommissioun an déi bréisseler Technokraten, déi all net gewielt gi si vill Pouvoiren hunn, ass schonns villsäiteg kritiséiert ginn. Mais den demokrateschen Defizit vun der EU geet nach méi wäit ewéi een denkt wenn een sech dat Ganzt vun engem polit-philosophesche Standpunkt ukuckt. En effet, funktionéiert Demokratie am beschten ëmsou méi no déi representativ Institutiounen dem Bierger stinn. En d'autres termes, ass Demokratie besser representéiert um Niveau vun enger Gemeng ewéi vun engem Staat z.B. Dat selwecht gëllt awer dann och fir d'Representativitéit vum EU Parlament vis-à-vis den nationale Parlamenter. Als praktesch Beispill: fir wat wéissten EU Deputéierten aus loosse mer soe Finnland oder Irland déi zu Stroossbuerg setzen, besser wat gutt wier fir z.B. Portugal, ewéi Portugise selwer? Et gëtt keng befriddegend Äntwert op dëser Fro, ausser ideologesch a moralesch Palaver.


Weider bemierkt ee Problemer bei der intra-europäescher Kooperatioun. D'europäesch Konstruktioun war vun Ufangs un en ekonomesche Projet befir iergend eppes aneschtes. De Jean Monnet sot datt wann hien erëm misst nei ufänken, géif hie mat der Kultur ufänken. De sprangende Punkt ass nämlech datt et keng gemeinsam europäesch Identitéit gëtt. Dëst ass einfach historesch esou gewuess an dorunner dierft sech och soubal näischt änneren. E gemeinsame Superstaat wëllen ze grënnen ouni datt sech déi eenzel Länner ënnereneen eens sinn, ass awer pur Hybris. Nach viru kuerzem huet de Macron eng Tribune an den 28 EU Länner publizéiere gelooss, ass hien awer dach just de President vu Frankräich. Merkel a Karrenbauer als Konter hunn da proposéiert datt Frankräich säi Siège permanent an der UNO der EU oftriet. Souvill zum Couple franco-allemand. D'Südeuropäer stinn an Oppositioun zu Däitschland an den Nordeuropäer wat d'EU Budget Restriktiounen ubelaangt. An et gëtt eng Kluft tëschent de West an Osteuropäesche Länner wat Migratiounspolitik ugeet. Wéi kann een an dëser Situatioun nach iwwert EU Erweiderung am Balkan denken?


Fir déi berechtegt Kritiken un der Union ze vertuschen, gräift d'EU selwer, mais virun allen d'EU Befürworter ëmmer méi oft zu einfache Slogan déi awer absolut eidel sinn. Esou héiert een ëmmer erëm datt ouni d'EU et erëm Krich géif ginn. Récemment erëm vum däitsche Politiker Martin Schulz. Mais éierlech gesot, welch normal informéiert Persoun gleeft wierklech datt z.B Däitschland a Frankräich erëm matenee Krich hätten, géif et keng EU ginn?

Der SPD säi Motto fir déi nächst Europakampagne seet schonns alles: " Europa ist die Antwort". Kléngt ewéi eng Inkantatioun aus enger Sekte. Esou Mottoe beweisen datt d'EU Elitten d'EU Konstruktioun als e Wäert un sech betruechten an net méi kritesch iwwert d'Dysfonctionnementer debattéiere kënnen oder wëllen. D'EU Institutioune selwer, leeën sech e Takt méi clever un, wann se op d'Reseaue Reklamm maache fir déi verschidden EU finanzéiert Initiative ze weisen, vergiessen awer dobäi d'Ironie datt d'EU säi Budget am Endeffekt vun de Memberstaate kritt.


Och aussepolitesch ass d'EU quasi handlungsonfäeg. Ausser Frankräich ewéi säi rezenten Engagement am Mali weist, ass kee EU Land fäeg militäresch am Ausland ze intervenéieren. D'EU ass esou ze soen e geopoliteschen Zwerg, dee bei kenger wichteger internationaler Fro wierklech Gewiicht huet, denkt een u Dossieren ewéi den Iran, Nord Korea oder Syrien. Onfäeg seng eege Baussegrenzen ze schützen an ofhängeg vun Energie aus dem Ausland, gëtt d'EU vu Regionalmuechten ewéi Tierkei a Russland kaum eescht geholl. Och säi vermeintlechen ekonomesche Levier ass eng Schimär wann ee bedenkt datt d'EU Wirtschaft hoffnungslos stagnéiert. Geschweige datt d'EU a Matière vun technologescher Innovatioun net nëmme vun den USA mais mëttlerweil och vu China distanzéiert ginn ass.


Wat den EU Elitten iwwreg bleift, ass sech an enger Fantasiewelt zeréck ze zéien, wou d'EU déi moralesch Superpower wier, wat dem Rescht vun der Welt déi Realpolitik bedreift nëmmen ok ka sinn, en attendant datt den demographesche Kollaps um Horizont Europa vollends de Gnadenstoss gëtt[1].


Ceci étant dit, ass der EU awer och e puer Reussitten ze verbuchen, notamment de gemeinsame Marché, d'Ofschafung vu de Bannegrenzen oder den Euro. Wat d'EU braucht si manner Reglementatiounen an Institutiounen, dofir awer méi gezielt Kooperatioun ënner Länner op konkret Dossier déi de Kontinent no vir brénge kënnen am Beräich vu den neien Technologien virun allem. D'Vergaangenheet huet bewisen datt esou Kooperatiounen duerchaus erfollegräich kënne sinn ewéi Projeten ewéi Airbus oder Ariane et beweisen. Am Fong muss een zeréck goen zum Europa der Vaterländer ewéi vum Charles De Gaulle an vum Konrad Adenauer virgesinn. D'EU misst éischter eng Confederatioun vu souveräne Staaten sinn déi no baussen an op konkret Punkten eng gemeinsam Positioun anhuelen[2]. D'EU a senger momentaner Verfassung ass en utopesche postnationale Projet deen un sengen eege Kontradiktiounen ze zerbriechen droht. Et gëtt kee direkten Interêt d'EU ofzeschafen oder aus dëser eraus ze trieden, mais wann et weider Richtung Verdéiwung an Erweiderung geet, droht d'EU nach méi handlungsonfäeg an diskreditéiert ze ginn. Oder an de Wierder vum Geopolitogue George Friedman ausgedréckt: "In Europe instituitions don't die, they simply become irelevant"



[1] Exellenten Artikel vum Historiker V. Hanson iwwert déi surrealistesch EU Aussepolitik: https://www.hoover.org/research/why-europe-gets-no-respect

Fir dësen Thema weider ze verdéiwen notamment den oft ënnerschätzen demographeschen Aspekt, empfeelen ech d'Buch: The last days of Europe vum bekannten Historiker Walter Laqueur, St Martin Griffins 2009


[2] Iwwert dem De Gaulle seng confederal Visioun fir Europa a Schwächten vun enger EU déi op Technocratie an Reglméntéierung baséiert:

https://foreignpolicy.com/2018/08/16/europe-needs-its-own-charles-de-gaulle/


54 vues0 commentaire
bottom of page