top of page
Rechercher
  • Photo du rédacteurDavid Mertens

E kuerzen Diskurs iwwert Zivilisatiounen

Ruine vun der antiker Stad Hippo Regius Gebuertsuert vum Hellegen Augustin, ee vun de wichtegsten Theologe vum Chrëschtentum. Am Hannergrond d'Moschee vun der moderner Stad Annaba (Algerien)

Eng Kéier zeréck ze goen zu de politesche Philosophië fir sech erëm bewosst ze si wat Fundamenter vun de jeeweilege Parteie sinn, ass eng Saach. Mais et gëtt nach eng oft iwwersinn méi déif Schicht aus deenen dës Theorië à la base emergéiert sinn, a savoir hiren zivilisationelle Kontext.


Verschidde wichteg Denker hu schonns Thematik vun den Zivilisatioune konzeptualiséiert. Denkt een an éischter Linn u Leit ewéi den Oswald Spengler, den Fernand Braudel an natierlech den Samuel Huntington[1]. Aus deene Koryphäen hir respektiv Aarbechten, kann ee schonns e puer Fakte festhalen. Éischtens sinn Zivilisatioune stierflech. Se kënnen entweder duerch intern oder awer extern Facteure verschwannen. Beispiller falen engem schnell an ewéi déi al Egypter oder prä-kolumbianesch Zivilisatiounen an Amerika z.B. Zweetens huet all Kultur seng eege Virstellung vu wat richteg a falsch ass, a seng eege Sozialnormen.


Hautzedaags ginn et 4 grouss Kulturkreeser. De Westen (Amerika & Europa), déi Islamesch Welt vum Marokko bis zum Pakistan, en konfuzianesche Kulturkrees ronderëm China an en hinduistesche Kulturkrees am indesche Subkontinent. Et kéint een natierlech dat ganzt verfeineren. Latäinamerika an déi orthodox Welt (Russland & Osteuropa) rechnen ech hei dem Westen un, mais kéinten och selbststänneg betruecht ginn. Verschidde Regioune si schwéier ze klasséieren ewéi subsaharesch Afrika, eng eegen Zivilisatioun oder gespléckt tëschent dem Westen an dem Islam? Aner Zonë sinn definitiv e Mix ewéi Südostasien z.B. wat eng Synthees tëschent indesch a konfuzianesch Traditiounen ass.[2]


Déi Zivilisatioun déi eis perséinlech am meeschten interesséiert ass natierlech déi westlech. Dës baséiert an éischter Linn op d'Philosophië vum réimesch-griicheschen Altertum, notamment vum Wäert vun der Logik, ergo der Rationalitéit, an dem kriteschen Denken déi et dem Westen méi spéit erlaabt hunn en wëssenschaftleche Virsprong ze erreechen. Duerno baséiert se op der chrëschtlecher Relioun déi besonnesch am Mëttelalter dominéiert huet an déi eis moralesch Wäerter bis haut präägt. Sozialistesch Themen z.B. ewéi Solidaritéit kënnen als vun hirem reliéisem Kontext geléist chrëschtlech Iddien ugesi ginn. An zu gudder lescht op d'Fortschrëtter vun der Opklärung, ewéi d'Rechter vum Individuum vis-à-vis der Kollektivitéit oder nach d'Meenungsfräiheet déi een ënnert anerem am Liberalismus erëm fënnt.


Et mierkt een also datt verschidden Errongenschaften typesch westlech Leeschtunge sinn a kaum an aner Kulturkreesser entstane wieren. Denkt een do un de Mënscherechter, un dem Konzept vun der Demokratie oder dem sekuläre Staat etc. Dat selwecht gëllt och fir all déi politesch Ideologien déi et haut ginn an déi mir fir universell halen. Wann mir eis Wäerter awer fir universell halen, da kéint een dat selwecht soe fir d'islamesch Wäerter z.B. déi och vu Moslem als universell betruecht ginn, sinn se dach vu gëttlechen Ursprong a fir déi ganz Kreatioun gëlteg. Déi indesch Kultur pour sa part, déi keng universell Revendicatioun huet, denkt net dru pour autant de Kastensystem z.B. opzeginn, op der Basis iergent enger universeller Wourecht aus dem Westen.[3]


Dorausser kann e puer interessant Konklusiounen zéien. En premier lieu datt et eng schlecht Iddi ass wëllen an anere Kulturkreesser par force eis Wäerter ze instauréieren, ewéi een et am Irak oder haut nach a Libyen gesäit, sief et och sous couvert vun Demokratiséierung oder soss nobel Virwänn. Ferner, datt et alles aneschtes ewéi simpel ass verschidde Kulturen op engem selwechten Territoire harmonesch koexistéieren ze loossen, ewéi een et momentan leider och an Europa gesäit, mat der Schwieregkeet Migranten aus dem islamesche Raum ze integréieren.


Am Endeffekt, ass ze bemierken datt obwuel all Kultur seng Daseinsberechtegung huet, net all Kulturen déi selwecht Wäerter deelen, an ergo reiwungslos matenee kompatibel sinn. Eng Tatsaach déi a Westeuropa gären ignoréiert gëtt. An dësem Sënn, bleift just nach ze erënneren, datt sollt de Westen, hypothetesch gesinn, ënnergoen, och seng Wäerter a sécherlech seng progressistesch Ideologië vum Kommunismus bis zum Liberalismus mat verschwanne géifen.



[1] Introduktioun zum Wierk vum S. Huntington: https://home.isi.org/whose-civilization-which-clash#disqus_thread


[2] Ween sech fir déi verschidden Zivilisatiounen an hir reliéis, philosophesch an historesch Wuerzelen interesséiert, deem kann ech nëmmen Grammaire des Civilisations vum F. Braudel seit 1963 ëmmer erëm nei editéiert, empfeelen.


[3] An dësem Kontext ass den islamesche Pendant zu den universelle Mënscherechter, à savoir d'Cairo Declaration of Human Rights vun 1990 déi vun allen islamesche Länner ënnerschriwwe ginn ass, ganz opschlossräich. Dës gesäit d'Anhale vun de Mënscherechter vir, nëmmen esou laang ewéi se mat der Sharia (= islamesch Gottesgesetz) kompatibel sinn. Datt d'Sharia a staark Kontradiktioun zu de Mënscherechter steet ass awer allgemeng bekannt.



32 vues0 commentaire
bottom of page