top of page
Rechercher
  • Photo du rédacteurDavid Mertens

Wat ass Konservatismus?

Dernière mise à jour : 19 août 2019


Wann de lénken Deel vum politesche Spektrum progressistesch ass, da muss de rietsen Deel als konservativ bezeechent ginn, och wann et sech ewéi beim Terme Progressismus, an éischter Linn ëm en semantesche Sammelbegrëff handelt. Dofir schued et net sech mat dësem Thema eng Kéier méi genee ausernaner ze setzen.


Wat ass de Fundament vum Konservatismus? Ganz am Ufank kann ee schonns eng interessant Bemierkung maachen. De Konservatismus ass keng Ideologie am klassesche Sënn. Ideologien ewéi z.B. Sozialismus oder Liberalismus, baséieren op definéiert Iddien an Zieler déi sech ewéi en Leitfaden duerch hir respektiv Mouvementer zéien. De Konservatismus op der anerer Säit, wëll am Prinzip d'Gesellschaft am groussen a ganzen esou erhalen ewéi se ass. Deementspriechend variéiert de Konservatismus vu Land zu Land a Fonctioun vun de jeeweilegen Traditiounen, ouni iergend engem theoreteschen Idealzoustand unzepeilen.


Wou läit den Ënnerscheed tëschent enger konservativer an enger reaktionärer Politik? Eng reaktionär Politik wëll verschidden Aspekter vun enger Gesellschaft zu engem status quo ante zereck versetzen. Reaktionär Mouvementer ware staark no der Franséischer Revolutioun mais sinn am laf vum 19ten Jhr lues ausgestuerwen. Konservativ ze sinn, heescht hautdesdaags gesellschaftlech Evolutiounen déi emol stattfannen dann och ze akzeptéieren. De Konservatismus sicht zwar net explizit d'Verännerung a probéiert wann dës inevitabel sinn, se ze encadréieren, mais wëll d'Zäit net zeréck dréinen.


Wéi ass d'Relatioun tëschent Konservatismus a Relioun? De Konservatismus akzeptéiert de chrëschtlechen Héritage vum Kontinent um kulturelle Plang, wat sech u senge Positiounen zu verschidde gesellschaftleche Froen erëm spigele kann. Ultimativ ass villes wat een als typesch progressistesch ugesäit ewéi z.B. Mënscherechter oder Trennung vu Kierch a Staat am Chrëschtentum verankert[1]. Et wier allerdéngs falsch, eleng schonns theologesch gesinn, wëlle mat der Bibel Politik ze maachen, dans le sens wou d'chrëschtlech Moral fir en individuelle Seelenheel, an net fir e kollektive steet[2].


Progressismus kléngt awer méi sexy, fir wat konservativ sinn? Konservatismus ass net per se besser oder méi schlecht ewéi de Progressismus. Déi zwou Richtungen hunn hiert Daseinsberechtigung. An de meeschte Länner vu der Welt gëtt Progressismus dréngend gebraucht. Ech denken do speziell wat d'Rechter vu Fraen oder sexuell, reliéis an ethnesch Minoritéiten ubelaangt. An der westlecher Welt allerdéngs, liewe mir an der progressistescher Gesellschaftlech aller Zäiten. Hei esou eng pro Minderheiten, oder soss eng No Border Politik ze féieren, spléckt respektiv schwächt eis Gesellschaft just onnéideg.


Wéi sollt de Konservatismus sech promoten? U sech misst et heeschen, wat soll de Konservatismus ënnerloossen. Säi gréisste Feeler wier nämlech ze vill "politesch korrekt" wëllen ze sinn, nëmme fir dem Zeitgeist ze huldegen. Dëst geschitt wann sech politesch Acteuren net bewosst sinn datt den Zäitgeescht alt majoritär aus engem progressisteschen Narrativ besteet. Dat heescht awer net datt dës Iddie bei der Bevëlkerung dominéieren. La nature ayant horreur du vide, wann eng konservativ Partei sech ze vill zentral positionéiert, da kritt se zwangsleefeg Konkurrenz op senger rietser Säit. Mais datt schlëmmst ass datt een esou am schnellsten d'Leit vun der Politik eekle kann, wann et keng Alternativ méi gëtt well an de wichtege Froen all Parteien déi selwecht Meenung hunn.


Domadder wier ech um Enn vu mengen zwee kuerzen Artikelen ukomm, an deenen ech gezielt op gängeg Ideologië wollt agoen. Dës Approche erlaabt engem iwwert Politik ze diskutéiere vun engem high vantage point aus ouni sech a Detailer vu Parteirhetorik ze verléieren. Et ass evident datt all Politik sech iergendwéi ëmmer op dem politesche Spektrum dee vu lénks no riets geet afüge léist. Dofir ass et wichteg eppes iwwert déi grouss politesch Richtungen ze kennen.



[1] Mënscherechter kéinten aus dem Liewe vum Jesus Christus erausgelies ginn, mais kaum aus dem Liewe vun de meeschten anere Propheten. Och huet den Zitat vum Jesus aus dem Neien Testament: "Rendez à César ce qui appartient à César, et à Dieu ce qui appartient à Dieu" (Marc, XII, 13-17, Mathieu XXII,21; Luc, XX, 25) de Fundament fir d'Trennung vu Politik a Spirituellem gesat. Och hei ass dës Entwécklung eng chrëschtlech Spezifizitéit, zumindest am Kader vum Monotheismus.


[2] De Jesus seet: "Mon royaume n'est pas de ce monde"(Jean, XVIII, 33-37) An anere Wierder, chrëschtlech Moral ass do fir de Gleewegen den individuelle Wee zu Gott ze weisen, an net fir eng Gesellschaft an dëser Welt ze organiséieren.



71 vues0 commentaire

Posts récents

Voir tout
bottom of page