top of page
Rechercher
  • Photo du rédacteurDavid Mertens

Liberalismus: Ursprong an Stréimungen

Dernière mise à jour : 19 août 2019



An dësem Artikel well ech méi genee op d'Ideologie vum Liberalismus agoen, well engersäits d'Iwwergangszone tëschent Progressismus an Konservatismus haut duerch den Liberalismus verleeft, mais awer och well een emmer erëm vu ville Säite Mësskonzeptiounen zum Thema héiert.


Wat sinn déi fundamental Iddie vum Liberalismus? De Liberalismus ass eng Ideologie déi aus dräi Credoe besteet. Eng politesch Komponent déi eng staatlech Organisatioun virgesäit, déi d'Rechter vum Individuum garantéiert. Eng kulturell Komponent déi den Individuum vun traditionellen Zwäng befreie wëllt. En ekonomeschen Aspekt deen de fräie Maart virgesait.


A wéi engem historesche Kontext ass de Liberalismus entstanen? De Liberalismus ewéi all Ideologie ass e Produkt vu senger Zäit. Déi éischt grouss Virreider waren aus dem 17ten Joerhonnert an deem et nach reliés Konflikter gi sinn tëschent Katholiken a Protestanten, mais awer och en ideologesche Kampf géint de Régime vun der Monarchie absolue an England an a Frankräich. An dësem Sënn huet de Liberalismus eng anti-klerikal an anti-autoritär Fierwung.


Ween sinn déi wichteg Denker vun dëser Ideologie? Den Thomas Hobbes (1588-1679) huet als éischten eng Theorie vun engem Rechtsstaat, (genannt social contract) entworf, dee Sëcherheet vum Individuum gewähre sollt. Méi spéit huet de John Locke (1632-1704), deen als éischte Liberale gëllt, seng Iddien ausgebaut an op Wirtschaft erweidert. De Montesquieu (1698-1735) ass bekannt als de Begrënner vun der Gewaltentrennung. Den Adam Smith (1723-1790), als groussen Theoretiker vun der liberaler Ekonomie. Et kann een nach de John Stuart Mill (1806-1873) nennen, deen een als Proto-Progressist bezeechne kéint.


Wat ass den Ënnerscheed tëschent dem urspréngleche Liberalismus an seng progressistesch Ofzweigung? Progressistesch Liberaler wëllen um kulturelle Plang keng Grenze setzen. Alles geet soulaang keen Drëtten direkt zu Schued kënnt. An engem gewësse Sënn, sinn se koherent mat der Visioun vum Individuum ouni Contrainten. Mais Gründerväter vum Liberalismus, obwuel z.B. kritesch vis-à-vis vun der Relioun, hunn awer déi traditionell gesellschaftlech Wäerter ni ganz a Fro gestalt. Et ass hinne prioritär drëms gaange d'Leit vun deemolege Praktiken ewéi z.B. de Korporatismus ze befreien an net eng Aart everything goes oder soss en Hedonismus an d'Welt ze ruffen.


Wou läit den Ënnerscheed tëschent dem urspréngleche Liberalismus an dem haitege Liberalkonservatismus? Kuerz Äntwert, et gëtt kaum een. An Wierklechkeet ass de Liberalkonservatismus eng Reaktioun op dem Progressismus innerhalb vun der liberaler Famill. Eng Aart retour aux sources. Dofir schwätz een och an Amerika vun Paleolibertarians. Paleo am Sënn vun ursprénglech. Déi grouss Liberal Denker vum 20ten Joerhonnert ewéi de Raymond Aaron, Murray Rothbard oder de Friedrich Hayek, waren sech all bewosst datt de Liberalismus an der westlech/chrëschtlecher Welt verankert ass, an datt d'ënnergrouwe vun traditionelle Wäerter eng nihilistesch Politik wier.


Wat ennerscheed iwwerhaapt de Liberalismus vum Sozialismus an aner lénks Iddien? Kuerz resuméiert, de Sozialismus ass am laf vun 19ten Joerhonnert entstanen, als Reaktioun op d'Opkomme vun ekonomeschen Inegalitéiten, bedéngt duerch d'Industriell Revolutioun. Sozialismus ass aus der progressistescher Variant vum Liberalismus erausgewuess an huet als 4te Credo sozial Gerechtegkeet agefouert. Do wou Liberaler Leit gläich virum Gesetz gesinn, wëlle Sozialisten Leit wa méiglech och ekonomesch gläich setzen[1]. Dofir brauchen se awer e staarke Staatsapparat dee fir eng Redistributioun vum Reichtum suerge kann.


Wat ass um Enn dem Liberalismus säi Vermächtnis? De Liberalismus huet sech géint konkurrent Ideologië vum Faschismus a Kommunismus duerchgesat. Mir liewen haut an enger sougenannter liberaler Demokratie déi d'Rechter vun de Leit an de fräien Handel garantéiert. Dëst sinn déi zwee grouss Verdéngschter vum Liberalismus déi praktesch vu kenger seriöser Partei méi a fro gestalt ginn. Trotzdeem huet de Liberalismus awer och nei Problemer geschaaft, notamment um ekonomeschen a kulturelle Plang, déi hirersäits erëm no enger politescher Léisung verlaangt hunn, respectif nach ëmmer verlaangen[2].



[1] Eng extrem Form vun dëser Iddie ass natierlech de Kommunismus


[2] Gudde Resumé vun den haitege Problemer vun der liberaler Demokratie https://www.bostonglobe.com/ideas/2018/07/07/liberal-democracy-failing-victim-its-own-success/SWgFarIexFZFbcWaTb0DTP/story.html?et_rid=1745372645&s_campaign=todaysheadlines:newsletter

92 vues0 commentaire

Posts récents

Voir tout
bottom of page