top of page
Rechercher
  • Photo du rédacteurDavid Mertens

Eng Radiographie vum Sozialismus

Dernière mise à jour : 19 août 2019


Dësen Artikel soll eng Ergänzung vum Artikel " Liberalismus: Ursprong an Stréimungen " sinn, wou ech flüchteg den Ursprong vum Sozialismus ugeschwat hat. Konkret, geet et hei drëms déi verschidde Couranten aus dëser Ideologie ze beschreiwen.


Hautzedaags ginn et dräi Haaptrichtungen am Sozialismus. De Kommunismus dee marginaliséiert ass, de klassesche Sozialismus dee sech paradoxerweis am Niddergang befënnt an dat wat een op franséisch la Nouvelle Gauche nennt[1].


De Kommunismus huet sech no sengem entscheedende Moment à savoir, d'Russesch Revolutioun vun 1917 an dem Lenin seng Machtübernahme, vum Sozialismus getrennt. Ab den 20er Joren, hunn sech dann a ganz Europa kommunistesch Parteien aus dem Sozialismus eraus gegrënnt. De wichtegsten Ënnerscheed tëschent Kommunisten a Sozialiste war d'Fro vun der Revolutioun. D'Marxisten hunn d'Welt als en Klassekampf tëschent der Bourgeoisie mat dem Kapital an dem ausgebeuteten Aarbechter gesinn. Fir deem Schluss ze maache sollt eng Revolutioun vum Proletariat kommen, nodeems jidderee gläich wier duerch d'Ofschafung vum Privateigentum.


Hirersäits, wollten d'Sozialisten d'ekonomesch Disparitéiten am Rahmen vun der parlamentarescher Legalitéit léisen. No dem Ënnergang vun der Sovietunion 1991, hätt ee geduercht datt den traditionelle Sozialismus dee sech mat der fräier Maartwirtschaft zerechtfënnt, endgülteg triumphéiert hätt. Ëmmerhi waren d'90er d'Zäite vu sozio-liberale Regierungen ewéi déi vum Tony Blair a Groussbritannien oder dem Gerhard Schröder an Däitschland. Mais et gesäit am Moment éischter schlecht aus fir d'klassesch Sozialisten.


Wisou dat de Fall ass, huet menger Meenung no zwou Haaptursaachen. Engersäits huet d'Politik am Allgemengen, ergo och d'Sozialisten, duerch d'Globaliséierung manner Hiewele fir de wirtschaftleche Wuesstum esou ze fërderen, datt och déi ekonomesch schwächste Kategorie vun der Gesellschaft dovunner profitéieren. Doduerjer entsteet en Vertrauensverloscht bei den traditionelle Wieler. Parallel dozou, erweisen sech d'Iddie vun der Nouvelle Gauche, als dem Zäitgeescht entspriechend a bidden doduerjer en einfache politeschen Alternativdiskurs un, dee grad beim Lénksbiergertum ukënnt. D'Sozialiste sinn tirailléiert tëschent engem deelweis diskreditéierte sozio-liberale Fligel an en méi radikale lénke Fligel deen tendéiert sech mat der Nouvelle Gauche um Niveau vun den Iddien ze amalgaméieren.


Vun den dräi uewegenannte Kategorien, ass d'Nouvelle Gauche sécherlech déi an der Ëffentlechkeet am mannste bekannte Richtung. Dëse Mouvement ass och als leschten eréischt an de 50er Joren opkomm. Méi genee no dem Doud vum Stalin 1953, nodeems seng Verbriechen allgemeng konnte bekannt gi an no der gewaltäteger Repressioun vum Budapester Opstand 1956 duerch d'Soviets. Dëst huet der kommunistescher Utopie bei Sympathisanten am Weste geschuet. Lénksintellektueller hunn sech da kritesch mat dem klassesche Kommunismus ausernaner gesat an de Resultat dovunner waren eben d'Doktrinne vun der Nouvelle Gauche.


Déi Haaptdenker dobäi ware Philosophen a Soziologen aus Frankräich ewéi de Sartre, de Foucault oder den Derrida. En zweete wichtege Pôle war Däitschland mat der sougenannter "Frankfurter Schule". Leit ewéi den Habermas, mais och den Adorno oder de Marcuse déi duerno an Amerika ausgewandert sinn an och do Afloss haten.


Vum Kommunismus bäibehalen, hunn des nei Iddien de Glawen datt de westlechen/kapitalistesche Model fundamental schlecht wier an datt d'Gesellschaft a Gruppe vun Ënnerdrécker an Ënnerdréckten agedeelt wier. Den Ënnerscheed leit bei der Kategorie vu den Ënnerdréckten. Am Kommunismus waren et d'Aarbechter. Mais d'Ideologe vun der Nouvelle Gauche hunn erkannt datt am Westen d'Aarbechterklass net zur Revolutioun bereet war, ënner anerem doduerjer datt no dem 2te Weltkrich eng Mëttelklass entstane war.


Sou gesinn, ass d'Aarbechterklass duerch Minoritéiten aller Aart als neie Protestobjekt ersat ginn[2]. Et geet dobäi an éischter Linn d'Gesellschaft ze veränneren duerch d'Afrostellung vun traditionelle Wäerter. Déi westlech Welt wier patriarchalesch, strukturell rassistesch, homophobe etc. Dofir muss se "dekonstruéiert" ginn, befir een erëm eppes neies, méi faires opbaue kann. Fir dat ze erreechen, solle méiglechst vill Revendicatioune vu Minoritéite gefërdert ginn an den ëffentlechen Diskurs duerch eng anti-Diskriminéirungs Rhetorik kontrolléiert ginn. Wichteg ass och dat all Minoritéiten (militante Feminismus & Veganismus, LGBT Mouvementer oder ethno-reliés Beweegungen) um selwechte Strang zéien, och falls et tëschent hinne Kontradiktioune ginn. Dat ass wat een op franséisch la convergence des luttes nennt.

Wann 1917 d'Gebuertsstonn vum Kommunismus war, da war dat fir d'Nouvelle Gauche sécherlech Mai 68. Et ass no dësem Evenement datt Parteien ewéi déi Gréng an Europa entstane sinn, déi dës Iddien zur Basis vun hirer Politik gemaach hunn. No dem Kollaps vun der Sovietunion, sinn dann och lénks vun de Ecologisten, aus de kommunistesche Parteien eraus, nei Gruppéierungen entstanen déi de selwechten Agenda vertrieden. Wat sech als besonnesch wichteg erausstellt, ass awer ewéi schonns gesot, datt dës Iddie mëttlerweil och bei traditionelle sozialistesche Parteie Fouss gefaast hunn[3]. Zu Gonschte wellechem Courant de Kräfteverhältnis sech an Zukunft verschibe wäert, ass am Moment allerdéngs nach net endgülteg viraus ze gesinn.[4]



[1] Ech benotzen an dësem Artikel den Terme Nouvelle Gauche. Et gëtt awer keng allgemeng gëlteg Nomenclature fir dës Bewegung. Am Engleschen, schwätzt een och vu Identity Left oder vu Postmodernism.


[2] Obwuel d'Parteien déi lénks vun de Sozialiste stinn sech als anti-kapitalistesch gesinn, sinn d'Aabechter net méi Prioritär an hirer Politik. Siehe nur de pro-Migratioun Aktivismus deen zur Laaschte vum Sozialstaat geet an eng erweidert Konkurrenz um Aarbechtsmaart fir niddreg qualifizéiert Leit duerchstellt.


[3] Dëst ass sécherlech de Fall beim Labour an England, mais à une moindre Mesure, gëllt et fir praktesch all sozialistesch Partei sief et beim PS (F) der SPD (D) oder den Democrats (US).


[4] Fir dës Thematik ze verdéiwen: Déi dräi Couranten vum Sozialismus (an engem US Kontext):

https://areomagazine.com/2018/08/23/no-we-are-not-right-wing-we-are-liberal-lefties-and-we-are-many/


De Shift no lénks bei den Democrats: https://www.nytimes.com/2018/10/18/opinion/democrat-electorate-left-turn.html


31 vues0 commentaire

Posts récents

Voir tout
bottom of page