top of page
Rechercher
  • Photo du rédacteurDavid Mertens

"Eis Wäerter" Eng historesch Perspektiv & Reflexioun


Jardins éphémères 2019 zu Esch, vun der Kënschtlerin Florence Hoffmann © communne d'Esch

An dësem Artikel géif ech gären op eis fundamental Wäerter agoen. Et héiert een nämlech oft Politiker vu Wäerter schwätzen, och wann een sech seelen d'Fro stellt wat dës Wäerter dann eigentlech sinn?


En effet, wat mengt eng prominent Persoun ewéi z.B. den Ausseminister Asselborn wann hie vun " eis Wäerter" schwätzt an engem Kontext vu Migratioun? Wann een de Mann em eng Definitioun géif froen, wat géif hien dann äntweren? Oft héiert ee pauschal vun Humanismus schwätzen. Mais welche Politiker ka schonns op Anhieb eppes iwwert den historesche Phenomen vum Humanismus am XIVJhr soen? Wie waren déi grouss Denker déi sech op dës kulturell Beweegung beruff hunn a wat sinn déi wichteg Texter a Syntheesen? Oder benotzt een den Terme just als Adjektiv oder souguer als strohmann Argument fir ze suggeréieren datt d'Kritiker vun enger gewësser Politik net "human" wieren?


Ewéi ee gesäit, ass et net esou einfach eise Wäertekanon konkret ze definéieren. Déi Wäerter déi hautzedaags massgebend sinn, stammen awer weder vum Humanismus soss nach vu Mënscherechter, nach sinn se iergendzwousch codifiéiert. Mais et héiert a liest een iwwert se de ganzen Dag laang ewéi an enger Liturgie. Et handelt sech dobäi em Prinzipien ewéi, Multikulturalismus, Diversitéit, Inclusioun, Oppenheet an aner Varianten zum Thema Toleranz.


Vu wou kommen dës Wäerter dann eigentlech hier? Sinn se eis ugebuere well mir Europäer vun Natur aus méi human an ziviliséiert wieren ewéi Leit aus aner Kulturen? Oder si mir just zoufälleg déi éischt Generatioun déi aus der Geschicht eppes geléiert hunn an zwar datt all eis Virgänger primitiv waren a grad mir déi schéi nei Welt vu muer opbaue géifen? Nee, dës Iddien entsprangen ursprénglech enger extrem-lénker Ideologie. Pour faire court, hunn eng Rëtsch Lénksintellektueller an de 50er Joer déi um klassesche Kommunismus gezweiwelt hunn, d'Iddie gehat den Kapitalismus net méi duerch en Revolutioun vum Proletariat ze stierzen, mais déi als kapitalistesch ugesi westlech Gesellschaft duerch alternativ Norme vu Minoritéiten, notamment sexueller an ethnescher Aart, ze ënnergruewen [1]. Doniewent sollen déi normal Ofwiermechanismen vun der Mehrheitsgesellschaft duerch e Konzept iwwerzunner Toleranz déi zur oberster Tugend erhuewe gëtt inhibéiert ginn. Dës ganz Doktrinn gëtt hautzedaags och idendity politics oder postmodernism genannt.


Bref, falls dës Iddien um extrem-lénke Bord gebliwwe wieren, bréicht een sech keng grouss Gedanken ze maachen. Mais ewéi jiddereen et gesäit, ass de Geescht vun dësen Iddien och wann lassgeléist vum urspréngleche Kontext, mëttlerweil Mainstream ginn. Chronologesch gesinn hunn d'postmodern Wäerter mat den Evenementer vu Mai 68 an der Gesellschaft Fouss gefaast. Opschwong hunn se ab dem Enn vun der Sowjetunioun 1991 kritt. De Sig iwwert den ideologeschen Äerzfeind huet zu enger euphorescher Phase geféiert, déi propice war fir all Zort utopesch Iddien[2].

Datt déi postmodern Wäerter vun identity politics momentan den ale Kampf fir sozial Gerechtegkeet bei praktesch alle lénks Parteien als haapt Narrativ ersat hunn, ass zimlech evident. Mais och bei de Liberaler gouf et e Switch an den 90er, Richtung Akzeptanz vum Prinzip enger multikultureller Gesellschaft. Dëst ënnert dem Afloss enger neier Generatioun vun Denker, mais och duerch d'Ënnerstëtzung vun enger ekonomescher Elite, déi d'Globaliséierung an d'Schwächung vun de Grenzen éischter positiv gesäit an déi léiwer eng postmodern Rhetorik iwwert Wäerter héiert ewéi eng Kritik um Marché. Zesumme forme lénks a liberal Parteien déi sougenannt progressistesch Stréimung. D'Progressiste kontrolléieren e groussen Deel vun de Medien an d'akademesch Welt (virun allem d' Geeschteswëssenschaften), ass säit längerer Zäit fest a lénker Hand. Dës erkläert d'Hegemonie vum progressisteschen Diskurs an der Ëffentlechkeet.


Allerdéngs wiere mir net do wou mir haut sinn, falls den Duerchschnëttsbierger net matgemaach hätt. Déi wichtegst Fro ass also wisou dës Iddien iwwerhaapt an der westlecher Bevëlkerung esou gegraff hunn? D'Erklärung ass menger Meenung no datt mir fir d'Wierder vum Nietzsche ze gebrauchen ofhängeg gi si vu Moraline. Dës nei Ideologie huet einfach de richtege moralisanten Toun getraff mat deem sech d'Europäer selwer valoriséiere kënnen. Als heterosexuell Persoun z.B. ass et valorisant wärend der Gay Pride sech eng pride flag um Facebookprofil ze pechen. Dobäi gëtt et keng wierklech bedenklech Intoleranz vis-a-vis der LGBT Communautéit an eiser Gesellschaft. Awer et beweist een alt seng Toleranz. Dat selwecht zielt fir d'Migratiounspolitik déi keng Léisung zur Aarmut an der Welt ka sinn, mais och do kann een erëm seng "Mënschlechkeet" ënnert Beweis stellen. Multikulturalismus grad esou. Intresséiere mir eis wierklech fir aner Kulturen, oder brauche mir déi "Aner", fir e geziilt Bild vun eis ze projezéieren am Sënn vun Toleranz an Oppenheet? etc etc.


Zwee weider Facteuren hunn nach als Geburtshelfer déi postmodern Wäerter begënschtegt. Éischtens liewe mir, an der Materiell gesinn, sécherster Period vun der Weltgeschicht. Dat huet eng Partie vun der Bevëlkerung, virun allem am Biergertum, eréischt d'Méiglechkeet ginn sech mat nonessentiell Konzepter ewéi Diversitéit ausernee ze setzen. Eis Grousselteren haten zu hirer Zäit ganz aner Problemer. Zweetens liewe mir an enger post-chrëschtlecher Ära. De spirituelle Vide deen an eiser Societéit existéiert ass duerch eng Zort, oft hysteresch, Hypermoral ersat ginn, déi een ëmmer erëm bei Themen ewéi de Klimawandel z.B. an Aktioun gesäit.


Ewéi ee mierkt, sinn "eis Wäerter" also weder Natur- nach Gottesgesetzer, mais den Endprodukt enger Ideologie. Se sinn awer mëttlerweil omnipräsent an erschéngen eis esou natierlech ewéi d'Loft déi mir ootmen. Dëst erkläert deelweis wisou vill Leit sech an der Ëffentlechkeet ëmmer manner traue vum progressisteschen Diskurs ofweichend Meenungen ze vertrieden. An enger Demokratie, en éischter bedenkleche Symptom.


Eben och doduercher wollt ech dëse Beitrag schreiwen, mais virun allem fir de Lieser zur enger Reflexioun iwwert dës Thematik ze beweegen. Et kann een nämlech iwwert progressistesch Wäerter hale wat ee wëllt an dës Analyse deelen oder net. Mais sech eege Gedanken ze maachen, genre: wéini sinn dës Wäerter opkomm, wien definéiert se oder wat sollen se konkret bezwecken, ass nach ëmmer de beschte Wee gefeilt ze si géint dogmatesch Denken. Well wei sot schonns de Journalist Walter Lippmann: " When everyone thinks the same, nobody is thinking anything anymore." [3]



[1] Fir eng méi detailléiert d'Deskriptioun vun dësem intellektuelle Courant, seng wichteg Denker, Methoden a Werdegang, verweisen ech op mengem Artikel: Eng Radiographie vum Sozialismus


[2] Siehe z.B. den Francis Fukuyama an seng Theese vum end of history


[3] Fir dësen Artikel ze verdéiwen: Das_zeitalter_der_amnesie vum Joel Kotkin



68 vues0 commentaire
bottom of page