top of page
Rechercher
  • Photo du rédacteurDavid Mertens

Meng Analyse vun den escher Gemengewalen



D’Gemengewalen 2023 sinn eriwwer. Hei meng kuerz Analyse vun den Resultater:

  • Vun den dräi klénge Parteie packen et der Zwou déi 5% Hürde ze iwwersprangen a kommen an de Gemengerot. Eigentlech e bëssen iwwerraschend. Den ADR hat sëcherlech emol vun enger besserer Lëscht ewéi 2017 profitéiert. (wat och net ganz schwéier war) Den Erfolleg vun de Piraten ass méi schwéier fest ze neelen, mais et kann een sech bestëmmt iwwert d'Steigerung vun der politescher Diversitéit am Schäfferot freeën.


  • Vun de méi etabléierte Parteie verléiere souwuel déi Gréng ewéi déi Lénk e Setz. Datt déi gréng Partei e Mandat verléiert ass novollzéibar. Engersäits eng relativ schwaach Lëscht an anersäits eng Stëmmenzeréckwanderung zu de Sozialisten. Stëmmen déi se 2017 ebe grad vun dëser Partei gewonnen haten. Dëse Phenomen huet sëcherlech och géint déi Lénks gespillt. DP pour sa part behält 2 Sëtzer an huet souguer Stëmme bäigeluecht. Den Pim Knaff war relativ aktiv a senger Funktioun als Kulturschäffe, mais hei huet och eng ganz zolidd Lëscht an den alen Trick vun der Doppelspëtzt säi Wierk gemaach.


  • D’LSAP an d’CSV déi béid mat éischter oninspiréiert Lëschten an d’Wale gaange sinn, bleiwen awer bäi wäitem déi traditionell 2 grouss Parteien zu Esch. Et stëmmt datt d’LSAP d’Wale mat enger 30 Stëmmen Avance technesch gewonnen huet, mais ech mengen datt et eng vill méi grouss Leeschtung war vun enger CSV, gedroe vun engem populären an engagéierte Georges Mischo, déi 6 Sëtzer (4 2011) ze verdeedegen ewéi fir d’LSAP hir 6 ze hale wann ee bedenkt datt d’Sozialisten 2011 an 2017 9 Sëtzer haten! Historesche Kontext ass hei alles.

Wéi geet et elo wieder a wat konnt ee vun dëser Walcampagne 2023 léieren? D’LSAP ass net grad plébiscitéiert ginn. Och krut den amtéierende Buergermeeschter nach ëmmer däitlech déi meeschte Stëmmen. D’LSAP ass also net onbedéngt onëmgänglech. Plus, d’Koalitioun huet zwar e Setz verluer mais ass nach ëmmer regierungsfäeg, domadder erschéngt et mir logesch wann se och weider besteet.


Meng Konklusioun. Eischtens gesäit een datt d’Qualitéit vun enger Lescht e groussen Afloss op d’Walen huet. Zweetens ass et relativ einfach als kléng oder nei Partei op 5% ze kommen, trotz feelend Koalitiounsméiglegkeeten. An drëttens huet d’CSV sech behaapt. 2017 war also keng eemoleg Saach. Ob déi absolut Hegemonie vun den Sozialisten zu Esch domadder awer definitiv gebannt ass? Dat wäert d'Zukunft weisen.

27 vues0 commentaire
bottom of page