top of page
Rechercher
  • Photo du rédacteurDavid Mertens

Buch Review: Mir gi Lëtzebuerg net op. Auflösungserscheinungen einer kleinen Nation


Mir gi Lëtzebuerg net op ass den Titel vun engem spannende Buch deen eng Thematik uschwätz déi nawell net oft ugeschwat gëtt. Dës ass d'Thematik vun der Zukunft vum Land. Befir ech allerdéngs weider op de Contenu aginn, well ech fairerweis soen datt ech eng gratis Kopie zum reviewen kritt hunn vun engem vun den zwee Auteuren. Dës sinn iwwregens den T. Weidig an den Deputéierte F. Keup béid Membere vun der Associatioun Wee 2050.


Partikularitéit vum Buch ass wéi gesot dat et sech mat engem Thema beschäftegt wat Mainstream net esou populär ass mais ewéi ech an dëser Review awer menge beweisen ze kënnen net onwichteg ass. Et sinn natierlech schonns änlech Bicher iwwert d’Situatioun vun Europa dans son ensemble, geschriwwe ginn, ewéi z.B. Deutschland schafft sich ab vum Thilo Sarazzin,The strange death of Europe vum Douglas Murray oder Décadence vum Michel Onfray, d’Lescht ass laang, mais keent wat sech direkt mat Lëtzebuerg ausernee setzt.


Fir eng Prognose vun der Zukunft ze maachen, muss ee vir d'éischt eng Analyse vu der géigewäerteger Lag maachen. Dat ass dann och de Schwéierpunkt vum Buch wat 10 vun den 12 Kapitelen ausmécht. Dës 10 Kapitele sinn agedeelt an: Geschicht vum Land, Sprooch, Migratioun & Demographie, de Schoulsystem, ekonomesche Wuesstum, Souveränitéit, Patriotismus, Kierch an d’Institutioun vun der Monarchie. All Kapitel ass mMn eng relativ objektiv Analyse vun der géigewäerteger Lag a vun den negativen Entwécklungen déi sech an den lescht 30 Joer gewisen hunn.


Eng Punkt fir Punkt Analyse vun den 10 Kapitele sprengt de Rahmen vun dëser Review déi ech generell ëmmer kuerz halen. Mais fir d'Pensée vun den Auteure gerecht ze ginn, kéint een et esou resuméieren. Alles wat traditionell d'Stäerkt vum Land ausgemaach huet, ass zu Gonschte vun enger moderner Ideologie geschwächt ginn. Als ee vu ville representative Beispiller kéint een déi onkondizionnell Loyalitéit vun eiser politescher Elite un der EU ervirsträichen z.B., déi op Käschte vun enger souveräner Politik geet déi et Lëtzebuerg awer erméiglecht huet duerch Nischepolitik notamment am Finanzsecteur sech traditionell Virdeeler ze verschafen. Esou eng am Interêt vum Land geziilte Politik gëtt fräiwëlleg geopfert am Numm vun héijere „Wäerter“ an dësem konkrete Fall den Ideal vum europäesche Federalstaat. Des ass e Resumé vum Kapitel iwwert d'Souveränitéit an änlech erklären et d’Auteure fir déi aner Kapitelen.


D’Auteuren hunn dobäi schonns richteg erkannt datt et eng politesch Ideologie ass déi fir dës Ännerunge verantwortlech ass, egal elo welchen Numm een dëser Ideologie gëtt. (Lénks, Multikulti, Progressismus). Leider ass hir Konklusioun déi am leschte Kapitel erläutert gëtt vis-à-vis vum Rescht vum Buch relativ schwaach, a bezitt sech just op durchhalte Parolen notamment wat benotze vun der lëtzebuergescher Sprooch ubelaangt. Dobäi hunn d’Auteuren iwwersinn, datt wat d’Land plot, eigentlech de ganze Westen befält. Effektiv ass de Westen an domadder och Lëtzebuerg vun 1968 un an enger Transitiounsphase, vun enger traditioneller europäescher Gesellschaft mat Wäerter ewéi Patriotismus z.B. zu enger Multikultureller déi alt aner Valeuren héich hält an deementspriechend och en anert Gesiicht kritt. D’Auteuren hätten also méi op den ideologeschen Aspekt poche sollen ewéi op eenzel Elementer an notamment d’Sprooch.


Ceci étant dit, bleift d’Buch an sengen 10 éischte Kapitelen eng spannend a ganz informativ Lecture, déi dobäi nach de Merite huet et op liichtverdaulech 150 Säiten ze maachen. Déi eng Leit wäerten dobäi konkret Argumenter aus dem Buch eraushuele kënnen, wärend anerer, mat der néideger ouverture d’esprit, vläicht munch eng vun hire Certituden a Fro stelle kéinten. Op alle Fall, dréit d’Buch zu engem bessere Verständnis vun der lëtzebuergescher Gesellschaft bäi an dofir ass Mir gi Lëtzebuerg net op eng absolut liesempfeelung vu menger Säit aus.

133 vues0 commentaire

Posts récents

Voir tout
bottom of page