top of page
Rechercher
  • Photo du rédacteurDavid Mertens

E kuerzen Diskurs iwwert Utopien

Dernière mise à jour : 19 août 2019



Op engem Blog iwwert politesch Philosophie, kënnt een net dolaanscht fréier oder spéider iwwert Utopien ze schwätzen. Et ass wichteg d'Roll déi utopesch Idealer fir progressistesch Ideologië spillen, ze kennen, well engem soss e fundamentalen Aspekt vun dëse Mouvementer entgeet.


A la base vun all progressistesch Stréimung läit eng Utopie. Eng politesch Utopie versicht en Idealzoustand an der Gesellschaft ervir ze bréngen, deen eng Verbesserung vun der Mënschlecherkonditioun gläich komme soll. Ob dëst iwwerhaapt realisabel ass, ass déi crucial Fro. Falls jo, ass et per Definitioun keng Utopie. Falls net, muss een d'Utopie opginn oder d'Realitéit der Utopie upassen. Dat Läscht geschitt natierlech net ouni Konsequenzen.


Um Pabeier ass eng Utopie ëmmer verlockend an hir Adepte gi vu beschten Intentiounen aus. De Problem ass ewéi gesot wann een d'Realitéit der Utopie upasse wëllt. Wann ee sech weider sécher ass, datt ee fir eng gerecht Saach kämpft, kann een natierlech kaum eppes falsch maachen an d'politesch Oppositioun ass schnell net méi just Widersacher, mais direkt de Feind deen de Fortschrëtt verhënnert.


Utopien déi Ausaarten, sinn et der schonns méi ginn. Bescht Beispiller wieren den Episode vun der Franséischer Revolutioun vun 1793/94, genannt "la Terreur" an déi verschidde Kommunistesch Diktaturen[1]. An béid Fäll, waren d'Protagonisten iwwerzeegt fir eng besser Welt ze kämpfen a ware bereet fir d'Instauratioun vun den neien Iddien iwwert Läichen ze goen.


Eng Utopie muss awer net onbedéngt mat enger gewalttäteger Revolutioun associéiert ginn. Gnostiker am Altertum déi geduecht hunn datt all Mënsch eppes Gëttleches an sech hätt an sech doduerjer vu gesellschaftleche Reegelen emanzipéiere kéint, oder Millénaristen am Mëttelalter déi an autoritär geleet, streng egalitär Communautéite gelieft hunn, waren och utopesch Mouvementer.


Den opmierksame Lieser erkennt vläicht d'Similaritéiten tëschent Gnostiker a Liberalismus a Millénaristen a Sozialismus. D'Utopie am Liberalismus besteet am Glawen datt de Mënsch als Individuum fräi kéint si vun alle gesellschaftleche Contrainten. Am Sozialismus besteet d'Utopie am Glawen datt een eng wierklech egalitär Gesellschaft etabléiere kéint.


Béid Richtunge gesinn dobäi traditionell Gesellschaftsstrukturen als verdächtegt un. Dorausser resultéiert eng gewëss Antipathie fir jeeglech konservativ Politik. Et ass richteg datt de Konservatismus d'anti-Utopie par exellence ass. De Konservatismus gesäit d'Gesellschaft als e subtillen, duerch d'Zäit bewäerten Equilibrium un, deen der Wäert ass erhalen ze ginn.


De Fait datt all Utopie vun enger nobeler Iddie ausgeet an sech hir Unhänger doduerjer moralesch iwwerleeë fillen, erkläert och wisou Progressisten esou intolerant vis-à-vis anere Meenunge kënne sinn [2]. Eng gewëss Dosis Idealismus an der Politik kann net schueden, mais et ass wann ee mengt eleng am Besetz vu der Wourecht ze sinn, datt et ufänkt problematesch ze ginn. Déi dorausser resultéierend Polariséierung vun eiser moderner Gesellschaft ass leider e Symptom dovunner.



[1] Iwwert d'Konsequenzen vun der marxistescher Utopie: https://nationalpost.com/news/world/happy-birthday-karl-marx-we-could-have-done-without-the-millions-dead


28 vues0 commentaire

Posts récents

Voir tout
bottom of page