top of page

De neien internationale politesche Clivage

  • Photo du rédacteur: David Mertens
    David Mertens
  • 20 sept. 2018
  • 3 min de lecture

Dernière mise à jour : 19 août 2019



Nodeems ech eng Presentatioun vun de gängegen Ideologien gemaach hunn, wëll ech hei méi konkret eng Grille de Lecture vun der internationaler parteipolitescher Landschaft proposéieren.


Et héiert een oft datt de Clivage tëschent lénks a riets iwwerlieft wier. An engem gewësse Sënn, ass et richteg datt d'Oppositioun tëschent klassesche Volleksparteie vu lénks a vu riets am Style vu der däitscher SPD géint CDU/CSU oder vum PS géint den RPR (haut Les Républicains) a Frankräich, iwwerlieft erschéingt. Mir befannen eis kloer an Zäite vu Rekompositiounen. Esou eng Situatioun kann ëmmer verwirrend sinn an zu enger ganzer Rei Interpretatioune féieren, déi méi oder wéineg pertinent kënne sinn. Eng gängeg Erklärung z.B, ass datt déi traditionell Trennung lénks/riets (einfach resuméiert Aarbechterklass/Biergertum Etatismus/Liberaliséierung) duerch eng Trennung Globaliste géint Souveränisten ersat wier.


Menger Meenung no, si mir mëttlerweil éischter an engem Clivage tëschent progressistescher a konservativer Weltusiichten. D'Globaliséierung mat senge Gewënner an senge Verléierer ass just een, en l'occurence ekonomeschen, Aspekt vum Problem. Aner Punkte si kultureller Natur ewéi Familljepolitik a Gesellschaftsmodell, oder politescher Natur ewéi z.B d'Visioun fir Europa.

Eng interessant Beobachtung ass datt obwuel mir an enger Rekompositiounsphase sinn, een sech ni wierklech vum Spektrum politescher Iddien trenne kann. Et kann een net eppes ganz neies erfannen. Dat beschte Beispill ass den E. Macron säi Walslogan fir d'Presidentschaftswal 2017: "ni de droite, ni de gauche". Dobäi wann een seng Politik analyséiert, mierkt een datt hien einfach eng typesch liberal Politik mécht, ekonomesch liberal, kulturell progressistesch. Et ass also net eng total Erneierung vun der Politik, mais éischter eng Verschibung vun de Schwéierpunkten op der Axe lénks/riets, déi mir beobachten.


Um konservative Bord erlieft ee kloer d'Opkomme respektiv d'Verstäerkung vun de souveränistesche Mouvementer[1]. Dës kënne réforméiert riets-extrem Mouvementer sinn, ewéi z.B. den Rassemblement National (RN) ex FN a Frankräich, oder awer relativ nei Parteien ewéi d'AFD an Däitschland sinn. De Succès vu dëse Parteie baséiert op zwee Facteuren. Engersäits eng kulturell Besuergnes vu de Wieler vis-à-vis onkontrolléierter Immigratioun an anersäits d'Onfäegkeet vun traditionelle Parteien dëser Problematik entgéint ze wierken. Wann et eng souveränistesch Partei bis emol gëtt an een sech net mat hir aloosse wëll ewéi et z.B. den Sebastian Kurz an Ëisträich mat der FPÖ gemaach huet, da riskéiert een als klassesch konservativ Partei marginaliséiert ze ginn. Beschte Beispill hei ass de Schicksal vu Forza Italia, déi praktesch zu Gonschte vun der Lega verschwonnen ass. De Laurent Wauquiez, neie Chef vu Les Républicains no dem Debakel vum François Fillion 2017, huet et verstanen. Dofir och de riets Ruck vu senger Partei. Ähnlech mécht et d'CSU a Bayern, wärend dem Angela Merkel seng CDU fortlafend no dem schonns schlechte Walresultat 2017 an de Sondage weider Buedem verléiert.


Och am progressistesche Lager, ginn et Verschibungen. Lues awer sécher, hunn d'Iddien déi mat Mai 68 opkomm sinn, déi klassesch lénks Ideologie ersat. Déi grouss sozialistesch Parteien haten ëmmer eng Politik oder mindestens eng Rhetorik déi gezielt op d'Aarbechterschicht gemënzt war. Hautdesdaags, ass de Schwéierpunkt vum progressisteschen Diskurs awer op Minoritéiten aller Aart gesat. Op enger gewësser Manéier, si Minoritéiten den neie Proletariat. Déi traditionell sozialistesch Wielerschaft fillt sech net méi richteg representéiert, wat erkläert firwat vill Aarbechter sech Parteien ewéi dem RN oder der AFD zouwenden. Den Donald Trump seng Victoire ass grad doduerjer ze erklären datt hien déi deemoleg demokratesch wielend Industriestaaten gewonnen huet. Parallel dozou, reportéiert sech eng ganz Rei vum lénke Biergertum deen sech mat den neien Iddien identifizéiert (valoriséiert?) op alternative lénks Parteien, ewéi Die Grünen an Däitschland z.B., déi dës nei Wäerter méi laang an ergo méi selbstverständlech vertrieden[2]. Dëst erkläert en Phenomen ewéi d'Implosioun vum PS 2017 a Frankräich zu Gonschte vun der France Insoumise, obwuel hire Kandidat, Benoît Hamon innerhalb vum PS, selwer relativ lénks positionéiert war.


Kaum eng Demokratie erzitt sech dësem Schema am Moment. Souguer an den angelsächsege Länner, déi en méi prägnanten zweeparteie System hunn, kann een dat bemierken. Do verlafen dës Tendenzen innerhalb vu de Parteie selwer. Leit an Amerika ewéi den Donald Trump op der enger Säit an den Bernie Sanders op der anerer, respektiv de Jeremy Corbin an Groussbritannien, déi all relativ radikal Positiounen innerhalb hire jeeweilege Mouvementer representéieren, falen engem direkt an.


Am Endeffekt, fir datt et erëm zu enger klassescher Oppositioun tëschent Sozialiste géint Konservative kennt, mussen dës zwou Gruppen hir Politik reajustéieren a Richtung méi traditionelle Linnen. An anere Wierder, den Duerchschnëttswieler muss erëm am Mëttelpunkt stoen an net grouss Idealer. Ewéi wäit sech dësen Trend op Lëtzebuerg reperkutéiere wäert, bleift ofzewaarden. Mais wat international gëllt, kënnt fréier oder spéider och bei eis gären un.



[1] Fir d'"populistesch" Well besser ze verstoen :

https://www.spiked-online.com/2018/12/28/what-next-for-the-populist-revolt/#.XCXWNiuvjNA.twitter


[2] Changementer um lénkse Bord:

https://www.tichyseinblick.de/meinungen/warum-gelbwesten-und-buergerbewegungen-spd-und-linke-ersetzen/


Comments


  • Facebook Social Icône
  • Icône social Instagram

© 2023 par Publique.

Créé avec Wix.com

Newsletter abonnéieren

bottom of page