top of page
Rechercher
  • Photo du rédacteurDavid Mertens

Meng Top Ten Lëscht & Bicher Review fir 2018



An dëser Top 10 Lëscht, maachen ech eng Review vun de beschte Bicher déi 2018 eraus komm sinn an déi ech perséinlech geliest hunn. Ech beschränke mech op Bicher déi eppes zum Verständnis vun eiser Gesellschaft beidroe kënnen.




De Patrick Deneen ass Professer fir Politesch-philosophie bei der University of Notre-Dame.

Bekennende catholique, schreift hie fir mech dat informatiivste Buch vun 2018. An dësem geet hien zeréck zu de Philosophen aus der Opklärung fir d'Fundamenter vun der haiteger Liberaler-Demokratie ze verstoen. Seng Kritik riicht sech haaptsächlech dorunner datt dës Philosophen tabula rasa vun allen Traditioune gemaach hunn an der Hoffnung eng nei a besser Gesellschaft ze kreéieren. De Broch mat allen deemolegen Traditioune war awer net ëmmer zum beschten a mir gesinn haut Konsequenzen dovunner an der Krisis vun der westlecher Welt. Wat gutt am Buch erkläert gëtt ass ewéi souwuel Liberalismus ewéi Sozialismus déi béid hir Wuerzelen an der Opklärung hunn, net an der Lag sinn déi systemesch Feeler vun der liberaler Demokratie ze behiewe senger Meenung no. Den Auteur plädéiert net fir en System wiessel, mais wëllt an éischter Linn drop opmierksam maachen datt eise politesche Modell net perfekt ass a méi kritesch betruecht misst ginn. Why liberalism failed, ass vun der Matière hier sécherlech en komplizéiert Buch wann een sech net mat politescher Philosophie auskennt, mais et ass op alle Fäll dat beschte Buch fir eis liberal Demokratie ze verstoen datt ech geliest hunn säit The End of History, vum Francis Fukuyama.


Why liberalism failed, Patrick Deneen, Yale University Press, 2018



Dëse Buch vum franséische Geographe Christophe Guilluy ass esou ze soen de Pendant zu Why Liberalism failed. Wärend sech den Éischte mat de philosophesche Fondatioune vun eiser Demokratie beschäftegt, geet et beim Guilluy säi Buch em Symptomer vun enger kranker Gesellschaft. De Leitfade vum Buch ass datt déi westlech Elitte Sezessioun gemaach hunn an engem Elfenbeintuerm liewen an sech net méi mat der Mëttelschicht solidariséieren. Et handelt sech dobäi um déi puer Prozenter ultra-räicher, plus minus en Drëttel vun der restlecher Bevëlkerung, nenne mer se einfach déi gehobe Mëttelschicht déi de politesch-korrekten Narrativ verënnerlecht hunn. Dës Kategorie vun der Gesellschaft wëllt d'Problemer mat deenen sech de Rescht vun der Gesellschaft konfrontéiert gesäit net méi eescht huelen. Dëst haaptsächlech bedéngt duerch hir kosmopolitesch Weltuschauung. Notamment de Glawen un der Mondialisatioun déi duerch hir Delokalisatiounen déi schwächste Kategorien trëfft oder d'Immigratioun déi erëm déi Schwächst vun der Gesellschaft Konkurrenz mécht. Dogmen vun der Mondialisatioun oder dem Multikulturalismus sinn awer onungräifbar fir d'Elitten déi selwer net vun dëse Phenomen betraff sinn an all Kritik einfach als Populismus ofstempelen. Den Auteur baséiert sech dobäi op Beispiller aus Frankräich, Groussbritannien an den USA. Déi bescht Gesellschafftanalyse vun 2018 m.M.n.


No society, Christophe Guilluy, Flammarion, 2018



Yoram Hazony, Philosoph aus Israel beschäftegt sech a sengem Buch, The Virtue of nationalism, mat dem interessante mais seelen abordéierten Thema, vun de supranationalen Institutiounen. Theese vu sengem Buch ass datt all supranational Organisatioun (UNO, EU, etc) am Endeffekt op der Utopie vun enger geeenegter Welt baséieren déi d'Solutioun zu alle Problemer wier. Des kléngt schéin um Pabeier mais an der Praxis verléiert doduercher de Bierger seng Stëmm bedenklech u politesche Gewiicht wat zum Schluss Richtung Autoritarismus féiert. Fir dem entgéint ze wierken, proposéiert den Auteur eng international Ordnung déi op souveränen Natioune baséiert. D'Buch erkläert och vu wou de Mësstraue vun de westlechen Elitte vis-à-vis der Natioun kennt. Den 2te Weltkrich spillt do eng wichteg Roll. Mais hei mécht den Auteur eng Differenz tëschent Imperialismus (=e Staat deen sech op Käschte vun engem aneren ausbreede wëllt) a gesonden Nationalismus vun sech géigesäiteg unerkennende Staaten. Dat fir mech interessantsten d'Buch vum leschte Joer.


The virtue of nationalism, Yoram Hazony, Basic Books, 2018




Frédéric Le Moal ass Historiker a Spezialist vun italienescher Geschicht. Bicher iwwert de Faschismus sinn der schonns vill geschriwwe ginn, mais Partikularitéit vun Histoire du Fascisme ass datt den Auteur déi ideologesch Wuerzele vum Faschismus kloer etabléiert. Esou mécht hien eng Verbindung zu der Franséischer Revolutioun an dem wëllen en neie Bierger ze erschaffen duerch Militariséierung vun der Bevëlkerung notamment, respektiv dem Sozialismus, de Benito Mussolini war jo eminente Member vun der Sozialistescher Partei. Wärend senger ganzer Regierungszäit war den italienesche Faschismus och vun anti-kapitalisteschen Iddie beaflosst, an den Auteur distanzéiert zu Rescht de Faschismus vu jeeglleche Konservative Wuerzelen. Weider erkläert hien och datt de Faschismus als Massebeweegung dout ass an datt d'Konditiounen net méi do si fir eng Wiederbelebung. E voluminéist Buch datt an éischter Linn ze empfeelen ass fir Leit déi sech fir Ideologie oder Italien interesséieren.


Histoire du Fascisme, Frédéric Le Moal, Perrin, 2018



Marylin Maeso ass eng jonk Philosophin déi eng Studie op Twitter gemaach huet an eraus fonnt huet datt sech d'Leit op de sozialen Netzwierker mais doriwwer eraus an der ganzer Gesellschaft a politesche Gruppe verdeelen déi net méi mateneen diskutéiere wëllen. Et gëtt keng Kompromisskultur méi, wou lénks a riets Aktiviste géife probéieren e Mëttelwee ze fannen, mais jidderee campéiert op seng Positiounen. Dës ass e Symptom vun enger Gesellschaft déi sech radikaliséiert an inauguréiert näischt Guddes fir d'Zukunft. De lénke Deel vum politesche Spektrum schéingt besonnesch vum Phenomen betraff ze sinn. Les conspirateurs du silence ass e méi kuerzt Buch a mäi Geheimtipp.





Les conspirateurs du Silence, Marylin Maeso, L'Observatoire, 2018



A sengem leschte Buch, La ruée vers l'Europe, schreift de Stephen Smith ex Journalist beim Monde a Libération, Spezialist vun Afrika an elo täteg op enger amerikanescher Uni, e wichtegt Buch, dat vun alle Politiker geliest misst ginn. An dësem liwwert hie vill Informatiounen iwwert afrikanesch Kultur, Ekonomie an Demographie. Den Auteur warnt virun allem iwwert d'demographesch Explosioun vum Kontinent, dee bis 2100 eng 5 Milliarden Awunner wäert hunn. Ënnert dëser Perspektiv stellt sech d'Fro vun der Migratioun Richtung Europa. Den Stephen Smith, deen e politesch um lénke Bord placéiere kann, bemierkt, ouni e Wäerturdeel doriwwer ze fällen, datt wann Europa weider näischt géint Immigratioun ennerhëllt et an Zukunft wahrscheinlech submergéiert wäert ginn.


La ruée vers l'Europe, Stephen Smith, Grasset, 2018


De Guillaume Pitron Journaliste beim Monde mécht een a sengem Buch, La Geurre des metaux rares, opmierksam op d'Problematik vun der sougenannter "Seltene Erde". Et handelt sech dobäi em Elementer ewéi Graphite, Kobalt, Indium, Tungstène etc déi haut fir alles wat Hightech ass gebraucht ginn an notamment an den neien Energien (Panneaux solaires, elektresch Autoen etc). Des Elementer sinn awer net onendlech verfügbar wat déi nei gréng Ekonomie ewéi vum Jeremy Rifkin virgesi staark hypothekéiert a sinn extrem emweltbelaaschtend ze extraéiern. Plus, China verfüügt iwwert en Monopol op enger ganzer Rei vun dësen Elementer, wat eis erëm ofhängeg mécht vum Ausland ewéi et schonns de Fall ass fir Fossil Ressourcen. Eng ekonomesch a geopolitesch wichteg Lecture virun allem fir Leit déi sech fir Ëmweltproblematiken interesséieren.


La guerre des métaux rares, Guillaume Pitron, Les liens qui libèrent, 2018



Journalist beim New York Times, schreift de Ross Douthat en informativt Buch iwwert d'Organisatioun vum Vatikan. Mais wat d'Buch extra mécht, ass datt den Auteur déi zwee Couranten (Konservativ & Progressisten) déi et am Vatikan gi beschreift an hir Ränkespiele genee beliicht. Mat dem jëtzege Poopst si Reformisten um Rudder wärend den Benedikt XVI zur konservativer Fraktioun gehéiert huet. Alles kéint sech erëm bei den nächster Wal änneren, an domadder och déi verschidde Positiounen déi de Vatikan no bausse vertriet. Ze empfeelen fir all déi d'Leit déi sech fir Relioun an Geopolitik interesseieren.






To change the church, Ross Douthat, Simon & Schuster, 2018



Ex Minister vun der SPD, behandelt den Thilo Sarrazin a sengem Fakte baséiert Buch Problemer déi mat der islamescher Immigratioun an Europa verbonne sinn. Fir eng Persoun déi sech nach net mat dësem Thema ausernaner gesat huet, ass dem Sarrazin säi Buch esou gutt ewéi en anert fir sech mat dem Thema ze familiariséieren. Datt en Deel vun der SPD awer versicht huet de Mann aus der Partei ze schléisse well hien seng Iddie vertriet, seet vill iwwert den Zoustand vun der Meenungsfräiheet aus. Besonnesch interessant hunn ech säi Kapitel iwwert déi momentan Situatioun an der islamescher Welt fonnt. En effet, si ënnert de 57 islamesche Länner, nëmmen zwou Demokratien ze fannen. Tunesien eréischt viru kuerzen an nach ëmmer op wackelege Been an Tierkei wou den Erdogan awer Richtung réislamiseierung zeréck ruddert. Dem Auteur no, seet dëst schonns alles aus iwwert Perspektive vun enger Gesellschaft déi ënnert dem Afloss vum Islam steet.


Feindliche Übernahme, Thilo Sarrazin, Finanzbuch Verlag, 2018



Technesch gesinn ass, The strange death of Europe, vum Historiker Douglas Murray 2017 erauskomm, mais dësen englesche Bestseller ass 2018 op däitsch an op franzéisch iwwersat ginn dofir erlaben ech mer mat dësem Buch meng Top 10 Lëscht ze beenden. Den Auteur beschäftegt sech an dësem Buch mat der Immigratioun an Europa éischter aus der Siicht vun der europäescher Mentalitéit an dat ouni iwwerflësseg Polemik. Déi Haaptfro déi den Douglas Murray stellt, ass wisou menge mir datt all Vollek Rescht op säin eegent Land ergo Grenzen an Immigratiounspolitik hätt, mais just Europa misst op si fir déi ganz Welt? Dat ass effektiv eng Fro déi dem duerchschnëtts Bierger a Politiker eppes zum iwwerleee misst ginn.




The strange death of Europe, Douglas Murray, Bloomsbury Continuum , 2017

63 vues0 commentaire
bottom of page